JapanBier attackéiert Alpinist - dee wiert sech mat Hänn a Féiss

RTL Lëtzebuerg
A Japan um Mount Futago huet e Biergsteiger Ufank Oktober eng dramatesch Zeen gefilmt.

Beim Klamme gouf hien nämlech op eemol vun engem Bier attackéiert. De Mann huet sech mat Hänn a Féiss géint dat wëllt Déier gewiert. De Bier wollt wuel säin Territoire verdeedegen.

No gutt enger hallwer Minutt, an där de Mann ëm säi Liewe gekämpft huet, huet de Bier sech aus dem Stëbs gemaach.

Back to Top
CIM LOGO