Nasa verëffentlecht Biller vum James-Webb-Weltraumteleskop"Bléck op den Universum erméiglechen, wéi mir en nach ni gesinn hunn"

RTL Lëtzebuerg
Sou een déiwen a schaarfen Abléck an de Weltall gouf et bis ewell nach ni. D'Biller vum James-Webb-Weltraumteleskop suerge weltwäit fir Begeeschterung.
© Handout / NASA / AFP

Viru ronn annerhallwem Joer ass den James-Webb-Teleskop an de Weltall geflunn. Elo huet d’Nasa déi bis ewell “déifst a schäerfst” Ablécker an den All verëffentlecht, déi et jeemools gouf. Dat éischt Bild huet d’Nasa zesumme mam US-President an der Vize-Presidentin virgestallt.

Véier weider spektakulär Biller goufen en Dënschdeg am Laf vum Nomëtteg gewisen. Den Joe Biden huet vun engem “historeschen Dag” geschwat, d’Kamala Harris vun engem “opreegenden neie Kapitel an der Erfuerschung vum Universum”.

All eenzelt Bild dovun ass “eng nei Entdeckung”, sou den Nasa-Chef. D’Fotoen, déi mam James-Webb-Weltraumteleskop gemaach goufen, wäerten “der Mënschheet e Bléck op den Universum erméiglechen, wéi mir en nach ni gesinn hunn”, sot de Bill Nelson.

Um éischte Bild, dat schonn e Méindeg verëffentlecht gouf, si Galaxien ze gesinn, déi virun iwwer 13 Milliarde Joer entstane sinn, also kuerz Zäit nom Urknall. Op deenen anere véier Biller sinn zwee Niwwelen, z’erkennen, déi de Liewenszyklus vu Stäre weisen, en Exoplanéit an e Galaxie-Grupp.

Aufgab vum James-Webb-Teleskop ass et, d’Zäit am Kosmos ze erfuerschen. Fir genau ze sinn: d’Zäit direkt nom Urknall, dee virun ongeféier 13,8 Milliarde Joer war. Dësen Teleskop ass mat Ofstand den deiersten Apparat, deen d’Nasa jeemools an de Weltraum geschéckt huet. De Käschtepunkt läit bei 10 Milliarden Dollar, d’Bauzäit huet 14 Joer méi laang gedauert, wéi ugangs virgesi war.

Den James-Webb-Teleskop iwwertrëfft säi Virgänger Hubble bei Wäitem. Mat Hëllef vun Infrarout-Technik kann e kosmesch Stëbs-Wolleken duerchdréngen an d’Liicht vun den alleréischte Stären opfänken. Häerzstéck vum Webb-Teleskop ass e konkave Spigel, deen en Duerchmiesser vu 6,5 Meter huet.

Back to Top
CIM LOGO