Brittesch MedienBoris Becker kéint aus dem Prisong kommen an an Däitschland expulséiert ginn

RTL Lëtzebuerg
Aktuell sëtzt de fréiere Tennisprofi jo a Groussbritannien am Prisong, well hien eng Faillite verschleeft huet.
© AFP

Wéi déi brittesch Zeitung “Mirror” mellt, kéint den dräifache Gewënner vu Wimbledon schonn déi nächst Woch aus dem Prisong kommen an an Däitschland expulséiert ginn. Schonn am November hat d’"Sun” geschriwwen, datt de Becker viru Chrëschtdag kéint op fräie Fouss kommen, d’Land dofir awer direkt misst verloossen.

Bis ewell hunn dem Becker seng Affekote sech nach net geäussert. Ma wéi déi brittesch Medie mellen, kéint de fréiere Profisportler vun engem Schnellverfare profitéieren. All auslännesche Prisonéier a Groussbritannien, dee bis zu 12 Méint viru senger Entloossung steet, kéint aus dem Prisong kommen an zeréck a säin Heemechtsland geschéckt ginn.

Back to Top
CIM LOGO