
Am Rechtssträit doriwwer, ob de Verlag vun der Zeitung “The Sun” op illegal Aart a Weis Informatiounen iwwer déi kinneklech Famill a Groussbritannien krut, gëtt et eng Eenegung. De Verlag News Group Newspapers (NGN) huet sech deemno beim jéngste Bouf vum Kinnek Charles III. fir déi verbuede Recherchemethoden entschëllegt an agewëllegt, him eng “erhieflech” Entschiedegung ze bezuelen, heescht et vum Affekot vum Prënz Harry, dem David Sherborne e Mëttwoch beim High Court zu London.
Méi genee huet d’Verlagshaus NGN sech dofir entschëllegt, datt hir Journalisten a Privatdetektiven tëscht 1996 an 2011 Praktike wéi “d’Hacke vun Telefonen, der Iwwerwaachung an dem Mëssbrauch vu privaten Informatiounen” fir hir Artikele benotzt hunn. Donieft huet NGN sech “fir de Schued”, deen dem Harry seng “Bezéiungen, Frëndschaften a Famill” duerch dëst Virgoen erlidden hunn. Och fir d’Verletzung vun der Privatsphär vu senger Mamm Prinzessin Diana huet sech de Verlag entschëllegt. D’Lady Di war bekannterweis bei engem Accident gestuerwen, wéi si op der Flucht viru Paparazzi war.
Den Affekot Sherborne huet vun enger “monumentaler Victoire” am Kampf vum Harry géint illegal Methode vun der Boulevardpress geschwat. NGN géing elo “endlech fir seng illegal Handlungen a seng krass Mëssuechtung vum Gesetz zur Responsabilitéit gezu” ginn.
Mam aussergeriichtleche Verglach evitéiert NGN en ëffentleche Prozess iwwer aacht Woche virum High Court, deen en Dënschdeg ugefaangen hat. Nieft dem Prënz Harry hat och de Labour-Deputéierten Tom Watson géint NGN geklot, deen tëscht 2009 am 2011 vun der Zeitung “News of the World”, déi zum Verlag gehéiert, ausspionéiert gouf. De Watson huet e Mëttwoch gewierdegt, wéi daper a couragéiert” den Harry géint “déi gréisst Raubdéieren am Boulevard-Dschungel” virgaangen ass.
Enn vun den 2000er Jore ware géint eng ganz Rei brittesch Boulevardzeitungen Reprochen opkomm, datt dës illegal Recherchemethoden, wéi d’Oflauschtere vun Telefonen, benotze géingen. NGN hat deemools schonn illegal Praktiken zouginn an d’Zeitung “News of the World” agestallt. D’Virwërf géint “The Sun” hat d’Entreprise allerdéngs dementéiert. Zanterhier huet sech NGN allerdéngs mat ronn 1.300 Leit gëeenegt, déi si verklot haten. Ronn eng Milliard Pond, also ronn 1,2 Milliarden Euro, u Schuedenersatz an Affekotskäschte soll de Verlag dofir bezuelt hunn. Keen eenzege Fall koum deemno viru Geriicht.
De Labour-Deputéierte Watson huet dowéinst e Mëttwoch d’Regierung an d’Police opgeruff, zum Scholdgeständnes vun NGN, dat zu der Entschëllegung gehéiert, z’ermëttelen.