
Nodeems d’Police informéiert gouf, konnt den entspriechende Bréifdréier ermëttelt ginn. Den 32 Joer ale Mann hat d’Post einfach ewechgeheit, amplaz se un déi entspriechend Adressaten auszeliwweren. D’Motiv vum Bréifdréier wier awer bis ewell nach net gewosst.
D’Bréiwer, vun deene verschiddener liicht beschiedegt gewiescht wieren, goufen awer antëscht zougestallt.
Géint den 32 Joer ale Bréifdréier gouf eng Enquête wéinst dem Verdacht vun der Verletzung vum Post- an Telekommunikatiounsgeheimnis lancéiert.