
Den 30 Joer ale Mann hat sech am hessesche Gießen net ganz clever ugeluecht, wéi hie sech heemlech nei akleede wollt. Hie war e Samschdeg aus dem Buttek nees eraus, nodeems hien an der Kabinn sämtlech Sécherungen un enger Jackette an un e puer Schong erofgeholl hat.
Fir et manner opfälleg ze maachen, huet hie seng al Saachen do gelooss, inklusive senger Carte d’identité a senger Bankkaart. Déi waren nach an der Täsch vun der aler Jackette. Eng Vendeuse huet um Enn d’Police geruff, déi en zimmlecht liicht d’Spill haten.