
Ma och d’Timbere kréien e liicht neit Bild. Esou verschwënnt de Kapp vun der Monarchin lues a lues a gëtt och duerch dat vun hirem Fils a Successeur ersat.
Éier dat passéiert, huet d’Royal Mail awer nach eng Spezialeditioun vun engem Timber dëst Joer erausbruecht, dat fir Chrëschtdag a mam Profil vun der Queen. Dëst Profil vun der Elizabeth II. gouf vum Arnold Machin designt a gëtt zanter 1967 op festlechen Timbere genotzt.