Éischte groussen OptrëttBrittesche Kinnek Charles III. an der Ouschtermass

RTL Lëtzebuerg
De brittesche Kinnek Charles III. a seng Fra d'Kinnigin Camilla waren e Sonndeg op Windsor an der Ouschtermass.
© AFP

D’Koppel huet sech gutt gelaunt gewisen an de Leit, déi op d’Plaz kucke waren, gewénkt a schéin Ouschtere gewënscht.

Eng Limousin hat de Kinnek a seng Fra vum Schlass bis bei d’Kapell bruecht.

Et war deen éischte gréisseren Optrëtt zënter am Februar bekannt gouf, datt den Charles Kriibs huet.

An der Mass waren och aner Membere vun der kinneklecher Famill. Zum Beispill dem Charles seng Schwëster d’Prinzessin Anne. Net do waren de Prënz William, seng Fra Kate an déi dräi Kanner. D’Princess of Wales huet jo eréischt rezent bekannt ginn, datt och si Kriibs huet an eng Chemotherapie muss maachen.

Back to Top
CIM LOGO