Beim Kinnek Charles III. gouf Kriibs diagnostizéiert

Et wier net Prostate-Kriibs. Den Ament gëtt net matgedeelt, wat fir eng Zort Kriibs et ass, mee de Kinnek hätt um Méindeg mat sengem Traitement ugefaangen.
Buckingham Palace seet, datt de Kinnek positiv géing bleiwen a sou séier wéi méiglech nees all senge Responsabilitéite wéilt nogoen.
Aner Personalitéite vum Haff géinge seng Engagementer iwwerhuelen. Weider Detailer iwwer de Kriibs gouf et keng.
De Prënz Harry wëll déi nächst Deeg aus den USA a Groussbritannien reesen, fir säi Papp ze besichen.
De Kinnek Charles III. bleift awer weider Staatschef.
Virun enger Woch hat hie sech enger Prostate-Prozedur ënnerworf an dat ëffentlech gemaach, fir dat méi Leit sech checke loossen.
De 75 Joer ale Monarch war am Mee 2023 zum neie brittesche Kinnek gekréint ginn.