RIP Tim GoughBrittesche Radiosmoderator stierft wärend Livesendung

RTL Lëtzebuerg
A Groussbritannien hat de Radiosmoderator Tim Gough wärend der Livesendung am Homeoffice en Häerzinfarkt.

Den Tim Gough huet e Méindeg de Moie seng Sendung fir de Sender GenX Radio Suffolk moderéiert, wéi op eemol d’Lidd ofgebrach ass an et minuttelaang nëmme nach roueg war. De 55 Joer ale Moderator hat en Häerzinfarkt. Berichter no ass hie géint 7.50 Auer verscheet.

Nodeems no e puer Minutten näischt méi um Sender gelaf ass, huet de Chef vum Moderator James Hazell den Rettungsdéngscht geruff. All Hëllef koum ze spéit. Kuerz no 11 Auer huet den Hazell perséinlech den Nolauschterer déi traureg Nouvelle matgedeelt: “Zu dësem Zäitpunkt feele mir wierklech d’Wierder, hie war 55 Joer al a kärgesond”.

Iwwer 30 Joer laang huet hien den Tim Gough kannt an hien als “waarmhäerzegen, virsuerglechen a lëschtege Mënsch” bezeechent. Hie wier ontréischtlech iwwert dës Nouvelle. Och d’Ekipp vum GenX Radio Suffolk huet op Instagram e Message hannerlooss: “Den Tim huet dat gemaach, wat hie gär hat. Hien ass 55 Joer al ginn. Rou a Fridden.”

Back to Top
CIM LOGO