No 28 Joer a méi wéi 50.000 Kilometer Wanderung vu Südamerika aus ronderëm d'Welt ass de Britt Karl Bushby zréck a senger Heemecht. E Méindeg ass hie seng lescht Erausfuerderung ugaangen an ass duerch den Äermelkanal geschwommen, wéi e Spriecher en Dënschdeg matgedeelt huet. "Et fillt sech gutt un, no all deene Joren nees brittesche Buedem ënnert menge Féiss ze hunn", gouf de Bushby an enger Erklärung zitéiert.
Am November 1998 hat de fréiere Fallschiermjeeër sech vu Puntas Arenas am Chile op de Wee gemaach. Dobäi hat hie sech selwer zwou Reegele ginn: Keng Transportmëttel benotzen an nëmmen zu Fouss oder duerch Schwammen heem ze kommen.
Bal dräi Joerzéngten an 29 Länner méi spéit ass de Bushby e Méindeg am Nomëtteg a senger Heemecht ukomm. Vu Frankräich aus ass hien duerch den Äermelkanal a Groussbritannien geschwommen, wou hien am Südoste vun England ukoum. E klenge Grupp Kolleegen a Familljememberen, dorënner säi Papp a seng Bridder, hunn de Bushby um Shakespeare Beach südlech vun Dover begréisst. Och den däitsche Filmproduzent Werner Herzog, deen en Documentaire iwwer dem Bushby seng Rees dréint, war mat enger Filmcrew op der Plage.
De Bushby, deen all seng Saachen an engem klenge Vëlosunhänger mam Spëtznumm "The Beast" ronderëm d'Welt transportéiert huet, huet op senger Rees e puer méi laang Pause missen aleeën. Déi russesch Autoritéiten ënnert anerem haten him laang e Visa refuséiert, nodeems hien duerch d'Beringstrooss tëscht Alaska an dem Norde vu Russland gaange war.
Am Ganzen hu Problemer mat Visaen, d'Finanzkris 2008 an d'Corona-Pandemie hie ronn 14 vu sengen 28 Joer kascht. Ëmmer nees huet hie méi laang missen an engem Land bleiwen, éier hie seng Rees vu genee där Plaz aus weiderféiere konnt, op där hie se ënnerbrach hat. "Et war net einfach, a genee dorëm goung et jo och", huet de Bushby no sengem Retour erkläert.