Nom Doud vun der QueenBuckingham-Palace kritt iwwer 50.000 Kondolenzschreiwessen

RTL Lëtzebuerg
De Buckingham-Palace huet, eegenen Aussoen no, méi wéi 50.000 Kondolenzschreiwessen aus aller Welt nom Doud vun der Queen Elizabeth II kritt.
© AFP

Eleng um Dag vum Staatsbegriefnes hätt ee ronn 6.500 Schreiwesse kritt.

Wéi et heescht, géif all Bréif an all Kaart opmierksam gelies an och beäntwert ginn.

Back to Top
CIM LOGO