
Bei der Kontroll vun der Police koum eraus, dass de Chauffer wuel net just de Béier transportéiert, mä wuel och nach consomméiert hat. Wéi d’Beamten de Chauffer befrot hunn, wéi et zum Accident komm wier, hu si bemierkt, dass de Mann no Alkohol géif richen. Hien huet misse blosen an et gouf en Alkoholwäert vun 3,09 Promill festgestallt. De Camionneur selwer war beim Accident liicht verwonnt ginn. Hie koum an e Spidol, wou dunn och nach e Blutttest gemaach gouf.
De Camion gouf en Donneschdeg den Owend gebuergen. D’Béierkëschten, déi am Camion waren, sinn zum Deel am Rampli gelant, wou de Camion gekippt war. Bis e Freideg de Moien hunn d’Opraumaarbechte gedauert.