StroossbuergChrëschtmaart verbitt Schampes, Popcorn a Chrëschtdagsartikele fir Hausdéieren

RTL Lëtzebuerg
Um Stroossbuerger Chrëschtmaart wäerten dëst Joer eng Rei Saachen net verkaf ginn. Dorënner Popcorn, Schampes, Poulet, Kierf a Kapen.
© AFP/Archiv/PATRICK HERTZOG

D’Oppositiounsparteie sinn iwwert d’Verbuets-Lëscht vum majoritär grénge Gemengerot entsat. D’Stad Stroossbuerg verdeedegt hir Entscheedung folgendermoossen: “D’Chrëschtdags-Haaptstad muss mat der Zäit goen, mat Bléck op déi ökologesch Responsabilitéit an d’Hierkonft vun de Produiten”. Amplaz vu Schampes gëtt et dowéinst zum Beispill Cremant.

Och Kräizer sollen nëmmen ënnert bestëmmte Virgabe verkaf ginn, dat heescht, wa se net aus asiatescher Produktioun stamen. E Verbuet vu chrëschtleche Symboler, wat eng Rei rietskonservativ Politiker gefaart hunn, ass domat also net gemengt.

Och hate sech vill Händler doriwwer beschwéiert, datt d’Verbuets-Lëscht nëmmen annerhallwe Mount virun der Ouverture verëffentlecht gouf. Vill vun de verbuedene Wuere goufen nämlech scho bestallt.

De Stroossbuerger Chrëschtmaart ass ee vun de bekanntsten an Europa a fänkt dëst Joer de 25. November un.

Back to Top
CIM LOGO