Deelweis scho vun 2026 unDäitschland kritt en eegenen Asterix-Park

AFP
Iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
De Belantis-Fräizäitpark bei Leipzig soll bis spéitstens 2031 no an no an en Asterix-Park ëmgewandelt ginn.
© JOEL ROBINE/AFP

Wéi d’Compagnie des Alpes en Dënschdeg de Moien annoncéiert huet, gëtt den däitsche Fräizäitpark Belantis, an der Géigend vu Leipzig, vun Abrëll 2026 un an en Asterix-Park ëmgewandelt. An enger éischter Phas soll eng “éischt Zon, déi dem Idefix dediéiert ass, am Fréijoer 2026 ageweit ginn”.

D’Transformatioun vum neien Asterix-Park, den zweeten nieft deem zu Paräis an den éischten ausserhalb vu Frankräich, soll graduell gemaach ginn an Enn 2030 oder 2031 ganz ofgeschloss sinn.

Back to Top
CIM LOGO