
Domadder huet Däitschland elo fir déi éischte Kéier an der Geschicht vun der Bundesrepublik eng Bevëlkerung vu 84 Millioune Leit opzeweisen. Esou e Bevëlkerungswuesstem hätt ee just nach an de Joren 1992 an 2015 gehat, heescht et vu Wiesbaden aus dem Statistesche Bundesamt. Deemools waren et Flüchtlingen aus dem Jugoslawien-Krich, respektiv Flüchtlingen aus Syrien an dem Libanon, déi dëse Bevëlkerungszouwuess provozéiert hunn.
Domadder ass am éischten Hallefjoer vun 2022 d’Bevëlkerung an Däitschland ëm ee Prozent geklommen. Am Joer 2021 ass se dogéint just ëm 0,1 Prozent gewuess. D’Bevëlkerungsstruktur variéiert allerdéngs jee no Bundesland. Esou ass d’Bevëlkerung zu Berlin, an Hessen an a Bayern ëm 1,3 Prozent, respektiv ëm 1,2 Prozent geklommen, wougéint se zu Bremen just ëm 0,5 Prozent geklommen ass.
Allerdéngs suergt nach ee Paradox fir e klenge Schmunzler an dëser Statistik. Obwuel et esou vill Awunner, wéi nach ni virdrun an Däitschland ginn, stierwen an Däitschland méi Mënschen, wéi der gebuer ginn. Dëst, esou dat statistescht Bundesamt, beweist, datt een an Däitschland op auslännesch Aarbechter ugewisen ass, fir de Sozialstaat ze festegen.