Wie sech d’Fro stellt, firwat grad Kalifornien, dee fënnt um Site un der Petitioun séier Äntwerten. Nieft vill Sonn a grenzelosem Avocado-Toast kéint een och Disneyland ëmbenennen an Hans Christian Andersenland. Aus Los Angeles géif ee ganz séier Løs Ångeles maachen.
Well den Trump sou oder sou kee grousse Fan vu Kalifornien wier, géifen d’Chancë fir een Deal warscheinlech guer net esou schlecht stoen, heescht et an der satirescher Petitioun. D’Zil fir ee Crowdfunding géif een op 1 Billioun setzen.
Den Donald Trump sot um éischten Dag vu sengem neie Mandat, d’USA géifen den däneschen Territoire Grönland fir déi national Sécherheet brauchen. Hie gesäit seng Chancen, d’Gebitt ofzekafen, als “gutt”. Déi 57.000 Awunner wiere gären Deel vun den USA, esou den US-President. Aus Grönland an Dänemark heescht et dogéint, den Territoire stéing net zum Verkaf. “Grönland gehéiert de Grönlänner”, esou déi dänesch Premierministesch Mette Frederiksen.