Virun der Küst vu SizilienDaucher fannen 2.100 Joer aalt Schëffswrack, mat honnerten Amphoren u Bord

AFP, iwwersat vun RTL
Den italieenesche Kulturminister schwätzt vun enger vun de bedeitendsten archeologeschen Entdeckungen ënner Waasser an de leschte Joren.
© CARABINIERI / AFP

Virun der Küst vu Sizilien hunn italieenesch Daucher d'Wrack vun engem méi wéi 2.100 Joer ale réimesche Schëff fonnt. U Bord ware Honnerte gutt erhalen Amphoren, déi deemools virun allem benotzt goufe fir Wäin ze transportéieren.

D'Wrack läit ronn fënnef Kilometer viru Mazara del Vallo op enger Déift vu 46 Meter. Op d'Spuer dovu waren d'Autoritéiten duerch Hiweiser vu Fëscher komm.

Den italieenesche Kulturminister schwätzt vun enger vun de bedeitendsten archeologeschen Entdeckungen ënner Waasser an de leschte Joren. No Medieberichter war d'Schëff ongeféier 21 Meter laang a sechs Meter breet.

Ee vun den Daucher huet erzielt, datt d'Siicht net besonnesch gutt gewiescht wier. Wéi hien awer méi no komm ass, hätt hien eng riseg Fläch voller Amphore gesinn. Dat wier en aussergewéinleche Moment gewiescht.

Back to Top
CIM LOGO