
An Estland waren eng 13.000 Stéit ouni Stroum. Grond fir dëse Stroumausfall waren hefteg Schnéistierm, déi iwwert d’Land zéien. Am schlëmmste betraff waren d’Insele Saaremaa an Hiiumaa, awer och an Deeler vum Festland betraff. Stroosse ware blockéiert an och ass zum Deel den Zuch-, Schëff- a Fluchverkéier agebrach, esou datt et zu kompletten Ausfäll a ville Verspéidunge koum.
D’Autoritéiten haten d’Populatioun opgeruff, fir den Auto stoen ze loossen a wann et nëmme méiglech wier, doheem ze bleiwen.
Änlech Biller koumen dann och aus England, wou vill Leit ageschneit waren. Wéi d’BBC gemellt huet, souzen an der Nuecht op e Méindeg Dosende Leit an engem Pub fest, datt an der Grofschaft East Sussex. Well d’Leit mat hire Ween net méi viru koumen, hate si d’Nuecht am Pub verbruecht. Wéi d’Zëmmer, déi de Pub hat, all vergi waren, hunn d’Leit op Mattratzen, déi am Pub verdeelt waren, geschlof. Fir sech opzewiermen, goufe et gratis waarmt Gedrénks an Iessen.