
Elo hofft déi chinesesch Metropol nees, trotz de Coronarestriktiounen, hirem Ruff als beléiften Touristendestinatioun gerecht ze ginn. De Peak Tram fiert vum Geschäftszentrum erop op de Bierg Victoria Peak.

De Präis fir mam Peak Tram ze fueren ass dann och kräfteg an d’Luucht gaangen. En Aller-Retour kascht elo ronn 11 Euro, dat si bal 70% méi, wéi virun de Renovéierungsaarbechten.