
Am Alter vun 12 Joer huet de Laurent Simons, Belsch-Hollänner, säi Master mat der héchste Qualifikatioun “summa cum Laude” zu Antwerpen ofgeschloss.
De Laurent ass héichbegaabt, säin IQ ass bei méi wéi 145. Mat aacht huet hien d’Première gepackt an dann ass hien op Eindhoven gaangen, fir do säi Bachelor an der Elektrotechnik ofzeschléissen.
Säi groussen Dram ass et, z’erfuersche wéi een Organer kënschtlech hierstellt. Et also zu senger Freed, datt hien um Ufank vum Joer als Invité konnt fir eng limitéiert Zäit Student op der Ludwig-Maximilians-Universität sinn. De Laurent huet do no klenge Kriibszellen am Blutt gesicht, dat mat Hëllef vun engem Laser.
Nom Summer wëll hien da vläicht Medezin studéieren. Als éischt wéilt hien awer d’Vakanz genéissen, andeems en Zäit mat senge Kolleegen a mat Reese verbréngt.