Wéinst Streike bei ZDF an ARDDe "Morgenmagazin" um ZDF ass ausgefall

RTL Lëtzebuerg
Eigentlech leeft tëscht 5.30 an 9 Auer an der Woch um däitschen ZDF den "ZDF Morgenmagazin". D'Emissioun vum Dënschdeg war allerdéngs ausgefall.
© MICHAEL KAPPELERDPAdpa Picture-Alliance via AFP

Wéi déi däitsch Tëleeschaîne op Twitter matgedeelt huet, wier e Streik de Grond fir den Ausfall gewiescht.

Wéi verschidden däitsch Medie mellen, hätte Mataarbechter vum ZDF an der ARD, déi un der Produktioun vum “Morgenmagazin” schaffen, gestreikt. De “Morgenmagazin” um ZDF an de “MoMa” op der ARD gi vu béide Chaînen zesumme produzéiert.

Der Moderatrice Dunja Hayali no hätt et sech ëm e Warnstreik gehandelt. D’Emissioun vum Mëttwoch géif deemno wéi geplangt diffuséiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO