
De 77 Joer alen Iraner Merhan Karimi Nasseri ass e Samschdeg am Terminal 2F un engem natierlechen Doud gestuerwen, heescht et aus Fluchhafekreesser. 18 Joer laang war dat säin Doheem, well him déi néideg Pabeiere gefeelt hunn, fir nees a seng Heemecht ze fléien.
Hie war aus politesche Grënn aus sengem Land geflücht an houng jorelaang um Fluchhafe fest. Hie war domat och d’Inspiratioun fir den 2004 verëffentlechten Hollywood-Film “Terminal” vum Steven Spielberg. Fir de Film krut den Nasseri och Suen, déi hien awer zum gréissten Deel einfach drop gemaach soll hunn. Zanter e puer Woche wier hien nees an de Fluchhafe geplënnert. No sengem Doud wiere bei him e puer Dausend Euroe fonnt ginn.