
Den Habermas gëllt als ee vun de wichtegsten Denker vun eiser Zäit an huet philosophesch, politesch a gesellschaftlech Debatten an Europa iwwer Joerzéngte staark beaflosst. International bekannt gouf hien als Vertrieder vun der zweeter Generatioun vun der Frankfurter Schule an als Grënner vun der Theorie des kommunikativen Handelns.
Seng Fuerschung iwwer Ëffentlechkeet, Demokratie a Vernonft huet vill Generatioune vu Wëssenschaftler beaflosst a war och wichteg fir d’politesch Kultur an Däitschland, wäit iwwer d’Unië eraus.