Pony vun der Ursula von der Leyen gerassDe Problem-Wollef an der Regioun Hannover soll ofgeschoss ginn

RTL Lëtzebuerg
Dëse Wollef soll 13 Déiere gerass hunn, dorënner och d'Dolly, Pony vun der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen. Hie soll elo erschoss ginn.
© AFP Archivbild

Am September hat e Wollef e Pony gerass, ma net iergendee Pony, mä dat vun der EU-Kommissiounspresidentin. Elo geréit dëse Wollef selwer an d’Viséier. D’Regioun Hannover huet matgedeelt, dass si den Accord ginn huet, d’Raubdéier z’erschéissen. Dat mellt d’Dageszeitung “taz” e Freideg.

Et wier eng “aarteschutzrechtlech Ausnamereegelung” ugefrot ginn an déi entspriechend rechtlech Ufuerderunge wiere gepréift ginn. Dës wieren erfëllt. Dat huet eng Porte-parole vun der Kommunalverwaltung matgedeelt. D’Ausnamereegelung gëllt zanter Oktober bis Enn Januar 2023 just fir de Wollefsritt mat der Kennung GW950m.

De concernéierte Wollef huet sëllegen Notzdéiere gerass. Am Ganze wieren 13 Déieren enregistréiert ginn, dorënner virun allem Schof, ma och Ranner an ee Päerd.

Dëse Wollef hat Ufank September op enger Weed an der Géigend vun Hannover d’Pony “Dolly” vun der Ursula von der Leyen gerass. Op d’Fro, ob dës Ausnamereegelung wéinst dem Iwwergrëff vu grad dem Déier vun der CDU-Politikerin decidéiert gouf, huet d’Porte-parole keng Äntwert ginn.

Back to Top
CIM LOGO