
An engem Communiqué vun der Internet Plattform “camping.info” sinn déi beléiftst Campinger a 34 europäesche Länner opgelëscht ginn. Dëse Klassement ass mat Hëllef vu méi wéi 230.000 Rezensioune vun iwwer 150.000 Camper erstallt ginn. Och fënnt een op hirem Internetsite ee Präisvergläich vun de Länner, déi am Ranking vertruede sinn.
Sou huet sech de Camping Tintesmühle zu Clierf als dee beschten am Grand-Duché bewisen. An Däitschland ass et de Campingpark Kühlungsborn am Bundesland Mecklenburg-Vorpommen, an der Belsch de Camping De Lilse Bergen, deen am Ëmkrees vun Antwerpen läit, an Holland de Camping de Harmienhoeve un der däitsch-hollännescher Grenz bei Bocholt an a Frankräich de Camping de Riquewihr an der Géigend vu Colmar.
Wat den duerchschnëttleche Präis pro Nuecht ubelaangt, do gehéiert Lëtzebuerg net zu deene bëllegste Länner am Klassement, mat ongeféier 26.66 Euro per Nuecht läit een am Mëttelfeld. Am deierste schléisst Italien of mat 39.24 Euro per Nuecht. Déi bëllegst Nuechte verbréngt een dogéint an Albanien mat ongeféier 13.52 Euro.
| Albanien | Kamping Pa Emer |
| Belsch | Camping De Lilse Bergen |
| Bosnien-Herzegowina | Auto Camp Green Park |
| Bulgarien | Camping Veliko Tarnovo |
| Däitschland | Campingpark Kühlungsborn |
| Dänemark | Skiveren Camping |
| Éisträich | Camping Sonnenland |
| Estland | Solar Caravan Park |
| Finnland | Kuusamon Portti |
| Frankräich | Camping de Riquewihr |
| Griicheland | Camping Gythion Bay |
| Groussbritannien | Bainbridge Ings Caravan & Camping Site |
| Holland | Camping de Harmienehoeve |
| Irland | Lough Ramor Caravan & Camping Park |
| Island | Camping Þakgil |
| Italien | Luxury Camping Schlosshof |
| Kroatien | Olea Camping |
| Lettland | Camping Rugumi |
| Lëtzebuerg | Camping Tintesmühle |
| Litauen | Sunny Nights Camping & Hostel |
| Nordmazedonien | Camping Rino |
| Norwegen | Sand Bade Og Campingplass |
| Polen | Camping Pod Brzozami |
| Portugal | Camping Beira Marvao |
| Rumänien | Camping La Grădină |
| Schwäiz | Camping Hüttenberg |
| Schweden | Långsjön Stugor & Camping |
| Serbien | Camping Zasavica |
| Slowakei | Chata Tale – Dom Horskej služby |
| Slowenien | Camping Plana & Bar 66 |
| Spuenien | Camping Bensiol |
| Tierkei | Orange Beach Camp Karavan Club |
| Tschechesch Republik | Camping am See Václav |
| Ungarn | Arena Camping - Budapest |