Mat Hëllef vu GoogleDéi franséisch Regierung fënnt illegal Bassengen a kasséiert 10 Milliounen Euro

RTL Lëtzebuerg
Mat Hëllef vun enger Software ass et der franséischer Regierung gelongen, illegal Piscinnen z'identifizéieren an de Proprietären eng Rechnung ze schécken.
© Etienne Girardet / Unsplash

D’Software, déi an enger Zesummenaarbecht tëscht Google a Capgemini entstanen ass, gouf an néng Regioune getest. Dobäi konnt déi franséisch Regierung am Ganzen 20.000 illegal Bassengen an de Gäert vun de Leit ausmaachen. D’Software, dëst deelt “Le Parisien” mat, soll elo och an anere franséische Regiounen an den Asaz kommen.

Wann een Haus eng Piscine huet, dann erhéicht sech am Frankräich d’Grondsteier vum Terrain. Domadder konnt de franséische Staat 10 Milliounen Euro u Steiergelder andreiwen, déi hinne soss duerch d’Bascht gaange wieren.

A Frankräich si verschidden Erweiderungen, sou wéi eng Terrass oder eng Schwämm, steier- a meldeflichteg. Dat läit dorun, datt a Frankräich d’Grondsteier vum Haus net mat der Gréisst vum Terrain zesummenhänkt, mä mam Amenagement vum Grondstéck.

Back to Top
CIM LOGO