
Zu Schleswig-Holstein op der A7 ass en Déierentransporter aus bis ewell nach ongekläerte Grënn vun der Fuerbunn ofkomm an am Gruef gelant. De 24 Joer ale Chauffer a säi Bäifuerer goufe liicht blesséiert, fir e puer honnert Schwäin u Bord ass et déidlech ausgaangen. Ronn 450 vun de 600 Schwäin, déi de Camion transportéiert huet, hu missen op der Plaz ageschléifert ginn. Eng Partie vun hinne goufen aus dem Transporter erausgeschleidert. Ee Véierel vun den Déiere koumen ouni Blessuren dovun a konnte weider transportéiert ginn.
D’Autobunn huet fir e puer Stonne misse fir de Verkéier gespaart ginn, wat zu Perturbatiounen am Trafic geféiert huet.