
Wou de Mann dunn nees aus der Metrosstatioun erausfuere wollt, ass hien an der Trap hänke bliwwen. Den Autosdéif konnt mam Auto weeder no vir, nach no hanne fueren. Weider konnt hien och net aus dem Auto erausklammen, well d’Clôturen hie blockéiert hunn. D’Police vu Madrid huet e Video vun der kuriéiser Zeenerie online gestallt.
Nodeems d’Pompjeeën den Auto vun der Trap geholl hunn, gouf den Déif festgeholl. Wéinst senge liichte Blessuren huet hien allerdéngs misse medezinesch versuergt ginn a gouf an d’Spidol bruecht. Deemnächst wäert de Mann sech wéinst Déifstall vun engem Auto viru Geriicht veräntwere missen.