
Experte ginn dovunner aus, datt de Mann de leschten Iwwerliewende vun engem indigene Stamm war, deen un der bolivianesch-brasilianescher Grenz gelieft huet an deen an den 80er Jore bei Ugrëff op d’indigen Bevëlkerung ausgeläscht ginn ass.
Déi éischte Kéier ass een an der Mëtt vun den 90er Joren op de Mann opmierksam ginn. Wou ee realiséiert huet, datt et sech beim Mann ëm en indigenen Awunner géif handelen, hätt d’Funai, d’Agence fir d’Sécherheet vun der indigener Bevëlkerung, decidéiert, dem Mann säi Liewensraum als Schutzzon ze definéieren, soudatt de Mann a Rou liewe kéint, ouni duerch d’Zivilisatioun gesteiert ze ginn.
De Mann, deen als Virbild fir vill Aktivisten, déi sech fir de Schutz vun der Kultur vum Land asetzen, gëllt, huet och Cadeaue vun de Funai-Mataarbechter refuséiert. Esou wollte si him eng sëllege Kéiere Som, Geschier oder Iesse ginn, mä de Mann hätt d’Geschenker net ugeholl, well hie kengem méi Vertraue géing.
De Mann ouni Numm gouf vun engem Funai-Mataarbechter a senger Hängematt dout opfonnt. Ronderëm d’Hängematt louche faarweg Fiederen. Dëst soll, esou d’Funai, dorop hindeiten, datt de Mann sech op säin Doud virbereet hätt. De Mann ouni Numm soll éischten Ënnersichungen no 60 Joer al gi sinn.