Wéinst Begriefnes vu Queen Elizabeth II. méi spéit bestrooftDen Organisateur vum Begriefnis a vun der Kréinung muss den Auto stoe loossen

RTL Lëtzebuerg
E Geriicht huet dem Herzog vun Norfolk Edward Fitzalan-Howard de Permis fir 6 Méint entzunn, well e mam Handy um Steier duerch eng rout Luucht gefuer ass.
© AFP

Dëst soll schonn de 7. Abrëll gewiescht sinn, ma opgrond vu méi wichtege Fäll a wéinst dem Doud vun der Queen konnt de ranghéchsten Herzog a Groussbritannien elo réischt verurteelt ginn, heescht et aus Londoner Kreesser. Allerdéngs bréngt dës Verurteelung nei Problemer mat sech. Den Herzog war nämlech net nëmme fir d’Organisatioun vum Begriefnis vun der Queen zoustänneg, mä hien ass och mat der Organisatioun vun der Kréinung vum Charles III. beoptraagt.

Dëst ass allerdéngs ouni Permis schwiereg. Genee aus dësem Grond hunn d’Affekote vum Adelege gefrot, d’Verurteelung ze verréckelen, well eng “extrem Noutlag” soss virleie géif. Et wier deemno extrem wichteg, datt den Herzog mobil wier, esou den Affekot Dardashti.

D’Riichter hunn dës Noutlag allerdéngs net erkannt an d’Demande vun den Affekoten zréckgewisen. Deemno ass et probabel, datt elo een aneren Adelegen d’Kréinung organiséiere wäert.

Back to Top
CIM LOGO