
Aacht Planéite kreesen ëm eis Sonn. Op engem liewe mir, déi aner siwe kënne mir dacks nuets gesinn. Datt all siwen - Merkus, Venus, Mars, Jupiter, Saturn, Uranus an Neptun - op eng Kéier um Himmel ze gesi sinn, ass immens seelen. Nëmmen all puer Joerzéngten trëtt dëse Phenomeen op - am Volleksmond gëtt och vun enger “Planéiteparad” geschwat.
Dëst Joer soll déi besonnesch Konstellatioun vun eis aus ze gesi sinn, am beschten ëm den Owend vum 28. Februar. Grond dofir wier, datt d’Planéite vun der Äerd aus gesinn op der selwechter Säit vun der Sonn sinn. Esou sinn d’Planéite méi no un der Äerd a reflektéiere méi Luucht vun der Sonn op eis.
Véier vun hinnen - Merkur, Venus, Jupiter a Mars - si liicht mam bloussen A z’erkennen. Fir den Uranus an den Neptun hëlt een am Beschten eng Spektiv oder e klengen Teleskop. De Saturn ass am schwéiersten ze gesinn. Dofir brauch een déi genee Zäit fir déi Plaz, vun där aus een e gesi wëll.
D’Reiefolleg gesäit dobäi esou aus:

Och vu Lëtzebuerg aus ass déi rar Konstellatioun ze gesinn, wéi eis d’Amateur Astronome vu Lëtzebuerg confirméieren. Am beschten ze gesinn, sinn d’Planéiten um fréien Owend op enger Plaz, wou keng Gebaier oder Bierger d’Siicht hënneren an een e kloren däischteren Himmel ouni Liichtverschmotzung huet mat fräier Vue a Richtung Süden a Westen. Allerdéngs ass dofir och gutt Wieder néideg, wat e Freideg den Owend de Prognosen no aktuell net esou ausgesäit. Wéi de Meteorolog Luca Mathias vu MeteoLux eis confirméiert, “gesäit et aus, wéi wann den Himmel net ganz kloer wäert sinn, mä éischter liicht wollekeg, Richtung Éislek eventuell och mol méi staark wollekeg”.
Wien d’Planéiteparad wéinst dem Wieder also net gesäit, ka sech den 10. August op d’Lauer leeën, wann um Moieshimmel d’Planéitekonstellatioun aus Merkur, Venus, Jupiter, Uranus, Neptun a Saturn ze gesinn ass.
Wann Dir den Owend Fotoe vun der Planéitekonstellatioun maacht, kënnt Dir eis dës och per Mail op foto@rtl.lu eraschécken. Am Laf vum Samschdeg wäerte mir eng Galerie mat de Fotoe publizéieren.