Si si rëm doD'Glieser vum Maacher Drauwen- a Wäifest koume "leider ongespullt" zeréck

RTL Lëtzebuerg
Wéi vum Comité des Fêtes vu Gréiwemaacher gefrot, sinn d'Glieser vun der Maacher Wäikinnigin nees opgetaucht.
© Comité des fêtes Gréiwemaacher

Leschten Donneschdeg waren d’Glieser vun der Wäikinnigin an hire Prinzessinnen am Kader vun engem Fotoshooting fir d’Maacher Drauwen- a Wäifest geklaut ginn. Well et eng Foto vun der Aktioun gouf, haten d’Organisateuren d’Persoun, déi d’Glieser jo wuel just matgeholl hat fir se ze spullen, via sozial Medien opgeruff, se einfach virun der Gemeng nees ofzeginn.

En Dënschdeg dunn ass genau dëst geschitt an d’Glieser hunn de Wee nees zeréck op Gréiwemaacher fonnt. Wéi et vum Comité des Fêtes heescht “awer leider ongespullt”.

Back to Top
CIM LOGO