
Dëst huet e Gericht zu München matgedeelt, nodeems eigentlech verëffentlech sollt ginn, ob de Wedel wéinst Vergewaltegung ugeklot sollt ginn. Den Ënnersichungsriichter huet elo ugekënnegt, datt de Prozess, opgrond vum Doudesfall vum Ugekloten, net stattfanne wäert an d’Enquête agestallt wäert ginn.
Am Joer 1996 soll de Wedel d’Schauspillerin Jany Tempel an engem Hotelszëmmer vergewaltegt hunn, wat dës am Joer 2017 zur Uklo bruecht huet. Nieft dem Tempel hu sech dunn dräi weider Frae gemellt, déi uginn hunn, vum Wedel an den 90er Jore sexuell mëssbraucht ginn ze sinn. Doropshin ass am däitschsproochege Raum vun de sozialen Netzwierker fir d’éischte Kéier d'#Me-Too-Debatt ausgebrach.
De Wedel, dee virun allem an den 90er Jore mat Filmer wéi “Der König von St.Pauli” oder “Der große Bellheim” bekannt ginn ass, hannerléisst sechs Kanner vun sechs verschiddene Fraen.