
Déi meescht Ofdréck stame vun engem Acrocanthosaurus, dee bis zu fënnef Meter grouss an ëm siwen Tonne schwéier war. Weider Spuere stame vun engem Sauroposeidon, deem säin Hals eng Längt vu bis zu 18 Meter erreechen an eng 44 Tonne Gewiicht op d’Wo brénge konnt.
Bei dëser Decouverte kann et sech ëm déi meescht Dinosaurier-Spueren handelen, déi jeemools hannertenee fonnt goufen.
Den Nationalpark läit an der Géigend vun Dallas a gëtt wéinst senge villen Dinosaurier-Spueren och “Dinosaurier-Dall” genannt. Laang bewonnere kënne Visiteuren dës aussergewéinlech Entdeckung allerdéngs net. Soubal et vill reent, dierften d’Spueren nees ënnert de Waassermasse verschwannen.