An Oberbayern eskaléiert eng DiplomiwwerreechungDirekter refuséiert Schüler Diplomer ze ginn a gëtt dofir kritiséiert

RTL Lëtzebuerg
Mat engem Manktem u "Maturitéit" huet de Schouldirekter vun engem Lycée am oberbayreschen Dorfen seng Decisioun erkläert.
© AFP/Archiv/Tobias Schwarz

Scho wärend dem traditionellen “Abi-Streich” (zu Lëtzebuerg bekannt als “Premièresgeck”) soll sech d’Stëmmung tëschent Direktioun a Schüler massiv verschlechtert hunn, esou lokal Medien. D’Schüler solle bei dësem dat komplett Schoulgebai mat Raséierschaum iwwerzunn hunn, och soll eng gekäppte Popp aus Papiermâché entdeckt gi sinn, déi dem Direkter soll noempfonnt sinn. Déi “rout Linn” gouf him no du wärend der Ofschlossried am Kader vun der “Abi-Feier” iwwerschratt. An dëser hu sech d’Schüler doriwwer beschwéiert, datt d’Schoul autoritär geféiert gëtt, den Direkter gouf tëschenzäitlech och als Prisongsdirekter bezeechent.

Den Direkter huet dunn eng Géigeried gehalen an där hien de Schüler “niveaulos Phrasen” an e Manktem u “Maturitéit” reprochéiert huet an aus deem Grond d’Diplomer net iwwerreeche wäert. Well hie wärend senger Ried ëmmer nees vu Schüler ënnerbrach gouf, hu souwuel hien, wéi och säi Sous-Direkter d’Bün an och den Evenement verlooss. D’Diplomer goufen du vun anere Responsabelen iwwerreecht.

Back to Top
CIM LOGO