ÉisträichDoktesch soll mannerjäreg Duechter bei Operatioun matmaache gelooss hunn

RTL Lëtzebuerg
Wéi et vum Parquet vu Graz heescht, géif een aktuell am Fall ermëttelen.

Der Doktesch gëtt virgehäit, datt si hiert 13 Joer aalt Meedchen net just mat an den Operatiounssall geholl huet, mä och d’Meedche bei der Operatioun matmaache gelooss huet. Wéi d’"Kleine Zeitung” mellt, géifen d’Resultater vun den Ermëttlunge vun der Police nach net virleien. Sollt sech de Verdacht awer confirméieren, wier et e Fall vu schwéierer Kierperverletzung.

Wéi et vun der Unisklinick vu Graz heescht, wier d’Chirurgin Enn Mee suspendéiert ginn, well een d’Virwërf net komplett entkräfte konnt. Weider präziséiert d’Spidol, datt d’Operatioun awer ouni Komplikatioune verlaf wier.

Back to Top
CIM LOGO