
Wéi d’Douane de verdächtege Pak opgemaach huet, sinn d’Beamten op 844 gedréchent Séipäerd gestouss. D’Wuer hat e Gewiicht vun am Ganze ronn 5 Kilo.
Séipäerd zielen zu den am meeschte menacéierten Déierenaarte weltwäit. Am Prinzip gi si duerch d’Washington-Aarteschutz-Ofkommes geschützt. Den Import an Export vun aartegeschützten Déieren a Planzen, souwéi d’Wueren, déi aus hinnen hiergestallt ginn, sinn ouni bestëmmten Aarteschutzdokumenter verbueden.