
D’Mataarbechter hunn doropshin direkt d’Douane informéiert, déi de Koffer opgemaach an e liewege wäissen Alligator dran entdeckt huet. Hie war a Plastik agewéckelt. Zesumme mat engem Déierendokter hu si d’Déier befreit a versuergt.
De 42 Joer ale Besëtzer vum Koffer, deen a Richtung Singapur ënnerwee war, gouf kuerz drop vun de Beamte fonnt. Géint hie gouf eng Plainte deposéiert.
Den Alligator ass den Ament an enger Opfangstatioun fir Reptilien a gëtt do versuergt.