
Nodeems d’Déier fonnt gouf, hat et ugangs nach vun der Police geheescht, dass een net ausschléisse kéint, dass et ëmbruecht gouf. En Déierefleeger hat de Pinguin en Dënschdeg de Moie fonnt. Bei enger pathologescher Enquête, déi uschléissend duerchgefouert gouf, wier festgestallt ginn, dass d’Déier eng ganz Partie Blessuren, déi vu Bëss stamen, opweist.
De Villche wier um Kapp an um Hals esou schwéier blesséiert gewiescht, dass e warscheinlech un dëse Blessure gestuerwe wier, sou eng Spriecherin vun der Police géigeniwwer der Noriichtenagence AFP. Berichter aus de Medien, deenen no d’Déier gekäppt gi wier, huet d’Police allerdéngs net confirméiert. Et gouf eng Enquête an d’Weeër geleet.