Wéinst gëftege ChampignonenDräi Doudeger bei Familljeniessen, Hobbykächin elo verhaft

RTL Lëtzebuerg
Viru ronn véier Méint koum et an Australien zu dräi Doudesfäll. Schold war de gëftegen a grénge Knolleblieder-Champignon am Filet Wellington.
© AFP/Archiv/William WEST

De Fall hat an Australien fir vill Opmierksamkeet gesuergt, well just d’Kächin d’Familljeniesse gutt iwwerstanen hat. Dräi Gäscht si gestuerwen, een huet nëmme knapp iwwerlieft.

En Donneschdeg deelt d’Police aus dem Bundesstaat Victoria mat, dass der 49 Joer aler Fra dräifache Mord an ee Mordversuch virgeheit gëtt. D’Erin Patterson gouf festgeholl a verhéiert.

Den 29. Juli hat si fir hir Schwéierelteren Don an Gail Petterson, de Baptistepaschtouer Ian Wilkinson an deem seng Fra Heather gekacht. Zerwéiert gouf e Filet Wellington, an deem den héichgëftege grénge Knolleblieder-Champignon verschafft war. Nëmmen de Paschtouer huet iwwerlieft, huet awer bal zwee Méint an der Klinick verbruecht an ass elo op e Rollator ugewisen.

D’Erin Patterson seet, si wier onschëlleg an hätt d’Champignonen an engem Liewensmëttelgeschäft kaf.

null

Back to Top
CIM LOGO