Um Freideg krute mer Explikatiounen dozou. D’Skulptur gëtt nämlech ronn 3 Meter méi héich positionéiert, fir dass ee se nach besser gesäit. De Panzer bleift iwwerdeem op senger Plaz.

De ganze Beräich ronderëm gëtt dann och nei amenagéiert a gëtt zu engem “Lieu de mémoire”. Et wäerten an deem Beräich Silhouetten opgestallt ginn, déi d’Beweegunge vun den amerikaneschen Truppe sollen duerstellen. Op dëse ginn et da QR-Coden, déi ee mam Handy scanne kann. Da kritt ee souwuel Video- wéi och Audiomaterial, dat ee sech kann ukucken an ulauschteren, mat weideren Explikatiounen.

Am Kader vun de Reamenagementsaarbechte ginn och e puer nei Parkplaze fir Autoen ageriicht, grad ewéi eng Parkméiglechkeet fir Busser.

D’Aarbechte solle bis den 11. September fäerdeg sinn.
Freides den 20. September ass dann d’Aweiung vun engem Monument a Gedenken un déi Zwangsrekrutéiert, dëst bei der Akerbauschoul. Samschdes moies um 10 Auer ass déi grouss offiziell Ouverture a sonndes ass eng Zeremonie mat engem Defilé, un deem och Zaldoten aus dem Ausland deelhuelen. Hei geet et drëm un “80 Joer Befreiung vun der Stad Ettelbréck” ze erënneren.