Beaflosst d'Kris och Chrëschtdag?"D'Spillsaache wäerte fir Chrëschtdag méi deier ginn"

RTL Lëtzebuerg
Dem Chef vum däitsche Verband vun der Spillgezei-Industrie dem Ulrich Brobeil no wäert d'Spillgezei an deenen nächste Méint ëm 5 bis 6% méi deier ginn.
© dpa/Archiv/Friso Gentsch

Dës Erhéijung géif, esou de Brobeil weider, onmëttelbar mat der Energiekris zesummenhänken. Esou gouf an enger representativer Ëmfro vun am Ganzen 215 Entreprisë festgehalen, datt 83 Prozent vun den Hiersteller, nieft Aspuerunge bei der Energie, och Präiserhéijungen als Optioun ugesinn, fir iwwert d’Ronnen ze kommen. Dobäi misste ganzer 45 Prozent hir Produiten direkt méi deier verkafen, well si soss faillite wieren.

Net nëmmen, datt d’Präisser fir d’Spillsaache méi deier wäerte ginn, wäert et weider, esou de Brobeil, zu Liwwerungsenkpäss bei de Spillsaache kommen. Dëst, well wichteg Komponenten aus Asien nëmme schwéier erbäizekréie sinn. Domadder kéint et sinn, datt fir Chrëschtdag d’Spillgezei rar geseet wäert sinn.

Back to Top
CIM LOGO