
Aktuell huet d’Peppa nach ee klenge Brudder, den George. Ma no zwee Joerzéngten an där Formatioun sollen d’Peppa an den George méi spéit dëst Joer nach e weidert Geschwëster kréien.
Dat gouf vun der Stëmm vun der Mummy Pig an der Moies-Emissioun op der brittescher Tëlee annoncéiert. D’Peppa Pig gëtt et zanter 2004 a gëtt antëscht a méi wéi 180 Länner gekuckt.