derwäert – Episod 6: Gaby SalviaE Bild vum Sosthène Weis ënnert der Lupp

Pitt Wagner
E Wierk vun engem vun de bekanntste Lëtzebuerger Moler suergt fir Virwëtz. Ass et en Original oder verstoppt sech hannert dem Bild eng ganz aner Geschicht?
Gaby Salvia - E Bild vum Sosthène Weis ënner der Lupp
E Wierk vun engem vun de bekanntste Lëtzebuerger Moler suergt fir Virwëtz. Ass et en Original oder verstoppt sech hannert dem Bild eng ganz aner Geschicht?

D'Gaby Salvia presentéiert bei derwäert e Bild vum Sosthène Weis, dat laang am Elterenhaus gehaangen huet an dat si virun allem wéinst senger schéiner Vue op d'Stad an de markante Faarwen ëmmer faszinéiert huet. Si hofft dobäi net nëmmen de Wäert vum Bild gewuer ze ginn, mä och méi iwwert de bekannte Lëtzebuerger Kënschtler ze léieren.

Zesumme mat der Sophie Becker entdeckt d'Gaby d'Geschicht hannert dem Sosthène Weis. De Mike Decker erkläert, firwat seng Aquareller esou besonnesch sinn, wéi ee seng Wierker erkennt a wat sech bei dësem Bild no méi geneeëm Hikucken erausstellt.

Wat eisen Objet vum Dag haut nach wäert ass, gesitt Dir bei derwäert, dëse Summer vun Dënschdes bis Donneschdes direkt nom Journal op RTL Télé Lëtzebuerg an op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO