D'Diana Bredemus presentéiert bäi derwäert e Bild vum Jean Jacoby, dem bis haut eenzege Lëtzebuerger, deen zweemol Olympiagold gewonnen huet, an der Konscht. Jo Konscht war deemools nach eng Disziplin bei Olympia. Dobäi huet si awer nach en zweeten Objet matbruecht, deen eng ganz besonnesch Verbindung zu den Olympesche Spiller vun 1936 huet.
Zesumme mam Sophie Becker geet d'Diana op d'Sich no der Geschicht hannert dësen zwee Objeten. De Mike Decker erkläert net nëmmen d'Bedeitung vum Jean Jacoby, mee verréit och, firwat hien den historeschen Olympia-Ausweis als aussergewéinlecht Zäitdokument betruecht.
Wat eisen Objet vum Dag haut nach wäert ass, gesitt Dir bäi derwäert, dëse Summer vun Dënschdes bis Donneschdes direkt nom Journal op RTL Télé Lëtzebuerg an op RTL Play.