derwäert – Episod 9: Tania KremerE Familljenalbum voller Heekelmusteren aus véier Generatiounen

Pitt Wagner
D'Tania Kremer presentéiert bei derwäert en aussergewéinlechen Album mat Heekelmusteren, dee schonn zënter véier Generatiounen an hirer Famill weidergi gëtt.
Tania Kremer - E Familljenalbum voller Heekelmusteren aus véier Generatiounen
D'Tania Kremer presentéiert bei derwäert en aussergewéinlechen Album mat Heekelmusteren, dee schonn zënter véier Generatiounen an hirer Famill weidergi gëtt.

Déi eelst Mustere stamen aus dem Enn vum 19. Joerhonnert a weisen e Stéck Lëtzebuerger Handwierksgeschicht. Fir si steet net de finanzielle Wäert am Mëttelpunkt, mä d'Fro, ob et derwäert ass, dëse Familljeschatz och fir déi nächst Generatiounen ze konservéieren.

Zesumme mam Sophie Becker an eisem Expert Mike Decker entdeckt d'Tania d'Geschicht hannert de Musterbicher. Hien erkläert, wéi dës Heekelvirlagen deemools an de Schoulen an am Alldag benotzt goufen a firwat esou komplett Alben haut ëmmer méi rar ginn.

Wat eisen Objet vum Dag haut nach wäert ass, gesitt Dir bei derwäert, dëse Summer vun Dënschdes bis Donneschdes direkt nom Journal op RTL Télé Lëtzebuerg an op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO