28 amplaz 28.000 DollarE Mexikaner profitéiert vu Feeler bei Edelmark "Cartier"

RTL Lëtzebuerg
E Mexikaner huet eegenen Aussoen no e Puer Ouerréng am Wäert vun 28.000 Dollar fir 28 Dollar kaaft.

Hien huet wuel vun engem Feeler vun der bekannter Bijou-Entreprise Cartier profitéiert. Déi hat de Präis op de soziale Reseauen am Internet wuel falsch affichéiert a wollt dem mexikaneschen Dokter d’Ouerréng duerno och net liwweren.

Cartier huet dem Keefer déi 28 Dollar rembourséiert an him eng Fläsch Schampes an en Etui fir säi Pass offréiert, ma de Mann huet sech dat net gefale gelooss an de Konsumenteschutz kontaktéiert.

No véier Méint Sträit huet de Mann mat enger Foto op der Plattform X annoncéiert, d’Ouerréng finalement kritt ze hunn.

Hie wëll awer préiwe loossen, ob Cartier him déi richteg Ouerréng geschéckt huet, och wann hie sech net virstelle kéint, dass esou eng renomméiert Mark de Risiko géif agoen, eng Fälschung ze schécken.

Back to Top
CIM LOGO