
Wéi op ville Plazen op der Welt, brennt et aktuell och an Indonesien. Op der Insel Borneo kruten d'Pompjeeë lo eng ganz besonnesch Hëllef. Een als Superman verkleete Jugendlechen huet seng Hëllef fräiwëlleg ugebueden an ass a sengem Kostüm viral gaangen. "Éierlech gesot sinn ech wierklech glécklech, well ech de Bewunner hëllefe kann, awer et ass och immens ustrengend", sou de 17 Joer jonke Rudiyansah a sengem Kostüm mat Cape géintiwwer der Noriichtenagence AFP.
Nei wier seng Hëllefsbereetschaft net. Schonn zanter 2023 huet hien a senger Fräizäit all Moment genotzt, fir sengem Papp beim Läsche vu Bëschbränn ze hëllefen. An der Stad Palangkaraya hätt hie sech de Fräiwëllege Pompjeeën ugeschloss, déi säi Papp gegrënnt hat.
Dëst Joer hätt hien "einfach just aus Spaass" decidéiert, beim Kampf géint d'Flamen e Superman-Kostüm unzedoen. E Video, deen hie weist, wéi hie Blieder a Planze mat engem Schlauch a Waasser fiicht hält, gouf Millioune Mol geklickt. Eent ass sécher, virun der verbrannter Landschaft ronderëm d'Stad stécht dem Rudiyansah säi rout-bloe Kostüm däitlech ervir. Hien huet nach erkläert, dass hie säi Kostüm extra naass mécht, ier et eraus op d'Feld geet. Sou verhënnert hien, dass de Kostüm a Brand geréit. All Nuecht géif en donieft gewäsch ginn, sou dass en ëmmer schéi propper bleift.
De Jonken dreemt dovun, enges Daags Fierschter ze ginn a mécht och anere Pompjeeë Courage, trotz den Erausfuerderunge fir Bränn ze läschen, weider ze maachen. Et sollt ee versichen, säi "Kampfgeescht net ze verléieren".
Indonesien erlieft aktuell ganz schro Bëschbränn. Tëscht Januar a Juli si méi wéi 200.000 Hektar Land verbrannt, dovun eleng 95.000 am Juli. D'Bëschbrand-Saison gëtt dëst Joer duerch de Wiederphenomen El Niño verstäerkt. D'Bränn op de betraffene Fläche sinn elo scho méi grouss wéi bei den El-Niño-Virfäll an de Joren 2019 an 2023. De Rekord vun 2015 gouf allerdéngs net erreecht. Deemools ware Milliounen Hektar Land verbrannt.