Den US-Veteran an Iwwerliewende wäert de 6. Juni zu Saint-Laurent-sur-Mer (Omaha Beach) bei de Festivitéiten a Frankräich dobäi sinn. Hien, dee sech selwer als “the last man”, also de leschte Mann, bezeechent, ka sech och no all deene Joren un all Moment vum Debarquement erënneren.
Et war den Ufank vum Enn vun der Nazi-Herrschaft a West-Europa an domadder och den Ufank vum Enn vum Zweete Weltkrich, dee Millioune Leit d’Liewe kascht huet. De 6. Juni 1944 hunn déi alliéiert Truppen ugefaangen, op der Küst vun der franséischer Normandie ze debarquéieren, se koumen aus der Loft an iwwert d’Waasser.
“Ech sinn iwwert d’Minnefeld gelaf, sou vill Leit sinn hei gestuerwen. Net just duerch d’Minnen, ma och duerch d’Schëss aus de Gewierer. An déi sinn alleguerten do uewen elo. Dës Männer sinn et, déi Unerkennung verdéngen. An ech sinn hei, fir dass dat geschitt. Ech honoréieren dës Jongen”, sou den Jake Larson am Reuters-Interview.
D’Zuel vun den Iwwerliewenden, déi nach net gestuerwe sinn an de leschten 80 Joer, geet vu Joer zu Joer zeréck, sou dass de “Papa Jake”, wéi de Larson vu senge Frënn genannt gëtt, eng Raritéit ginn ass.

Sechs Schluechten an Europa huet hien iwwerlieft, déi all op senger schwaarzer “WWII Survivor"-Jackett ze fanne sinn. Dorënner Omaha Beach, d’Ardennenoffensiv, d’Schluechten ëm Paräis, Falaise, Saint-Lô an och ëm Lëtzebuerg.